Tauscheck (free-your-stuff)

Den Tauscheck um Festival huet keen Tauschzwang. Wann eppes do läit wats du brauchs, kanns de et einfach mathuelen. Wanns du eppes hues wats de net méi brauchs, kanns de et dohinner leen, vläicht brauch en aneren dat a kann der Saach en zweet Liewe ginn.

Dëse Konzept erméiglecht dass Saachen déi just nach do leien nees kënne benotzt ginn, ouni dass op zousätzlech Ressourcen zréckgegraff gëtt. Zum Beispill huet mäi Kand op engem diy-festival eng Schachtel gesinn déi et dunn an der Schoul genotzt huet.

De Festival ass eng Woch virum Schoulufank! Dat ass eng gutt Geleeënheet fir Schoulmaterial an de Kreeslaf ze bréngen an déi Saache matzehuelen déi een fir dat Joer brauch.