Engagéier dech

wëlls du ë Workshop ubidden?
dann lued dësen Formular erof, fëll en aus a schéck eis en!
oder schreif eis op: transitionnord@cell.lu
+ 352 89 93 31 – 1 (Naturpark Öewersauer: 8h00 – 17h00)

D’Workshoppen dauere vun 10:00 bis 18:00 oder wéi deng Disponibilitéit ass.

Wëlls de aushëllefen?

Et ass en komplett selwer organiséierten “do-it-ourselves” Festival, dowéinst brauch et Fräiwëlleger fir en Succès ze ginn.

Jiddereen ass wëllkomm fir sech beim Evenement ze engagéieren, mat ze organiséieren, fir dass den Dag wéi op Riedercher iwwer d’Bühn geet. Ë lauter Klengegkeete sollen erleedegt ginn, an se kënnen all zimlech angenehm sinn wann ë puer Leit zesummen dru schaffen.

Wanns du mierks dass soss eppes muss gemaach ginn, oder een den Hëllef brauch, kanns du spontan asprangen!

All Hëllef ass vu 7h00 un wëllkomm fir de Site virzebereeden.

Saachen déi ee ka matbréngen

Alles wat’s du matbréngs dréit zum Succès vum Evenement bäi. Et ass absolut net néideg eppes matzebréngen, hei sinn Iddie vu Saachen déi’s de kanns matbréngen:

  • Iesse fir un der Free-Bar ze deelen, nees benotzbart Picnicgeschir – Telleren, Läffelsgeschir, Tasen, Gedrénks…
  • Haaptsächlech Schoulmaterial, mee och Kleeder, Spillsaachen, Som a Setzlingen, souwéi aner Saachen déi’s du net méi brauchs an engem anere wëlls iwwert den Tauscheck (free-your-stuff) iwwerloossen.
  • Futtis Saachen déi beim “Repair Café” kënne gefléckt ginn.
  • Ë Stëft an ë Block an/oder en Fotoapparat.
  • Spiller fir ze spillen – zum Beispill Kaarten- oder Brietspiller, Gesiichtsfaarwen a Verkleedungen (och fir Kanner