Workshoppen

Op dëser Säit fënns du d’Workshoppen déi 2019 ugebuede ginn. Wanns du och wëlls e Workshop ubidden oder soss iergendwéi hëllefen, da fënns du op der Säit “Engagéier dech” déi néideg Informatiounen dozou.


Déi ugemellten Workshoppen ginn no an no hei drënner bäigesat.

Upcycling-Schwamm: Tawashi

Aus engem aalen Puer Strëmp kann ee en nohaltegen, wäschbaren Schwamm fir d’Spull bastlen. Um DIY-Festival kënnt dir selwer erausfannen wéi et geht.

Bréngt e Puer matt op de Festival wann dir viirwëtzeg op d’Iddi an d’Technik sidd.

Wäschmëttel aus Efeu

Wousst dir datt dir matt Efeu en Universal-Wäschmëttel hiirstellen kënnt? Efeu enthält seefenähnlech Wiirkstoffer (Saponine) vun deenen dir iwwert d’ganzt Joër profitéiren kënnt fir äer Kleeder propper ze haalen. An et ass méi einfach wéi gemengt… En Sonnden kënnt dir erausfannen wéi!

Bréngt e Glas matt Deckel matt fir es direkt matt Heem ze huelen

Atelier – Schlicht a Schéin

COOPERATIONS ART bréngt iech Këschten gefëllt matt Alldaagsgeéigestänn. Mir entdecken dës Géigestänn iwwert eng spillerech Art a Weis nei an notzen se duerno fir kleng Wonnerwierker ze gestalten.

Et geht em Entdeckerfreed, Spaas um Spill an Gestalten, experimentéiren, improviséiren an natierlech den Austausch matt Aaneren.

Upcycling matt Stempelen

Äer Napp huet et Fleck dee nët méi erausgeht? Den T-Shirt huet eemol Bulli zevill oofkritt? Bréngt se matt, well an dësem Atelier léiert dir, wéi der Stoff, Lieder oder Pabeier matt Stempelen nei gestalten kënnt!

‘EAT YOUR LANDSCAPE’

Den Naturpark Öewersauer invitéiert iech op en spannenden kollektiven Atelier zum Thema “Culinary Design”: matt Liewensmëttel déi an de Buttiker net méi verkaaf gi sen, kënnen d’Leit artistesch Biller zum Thema Fiischtgebidder kreéieren, déi dann tëscht 10:00 – 15:00 Auer fotograféiert ginn.

Duerno geht et un de d’Schmaachen an et ginn mat dësen Liewensmëttel Zopp a Smoothies gemaach.

http://www.naturpark-sure.lu/

Atelier Klimbim

Dëse Schreinerei-Workshop vum Atelier Klimbim (CIGR Wiltz Plus) weist iech wéi dir kleng Beschiedegungen un äeren Holzmiwwel selwer an einfach reparéiren kënnt. Dir kritt gewisen wéi dir matt Primer, Kallék, Ueleg an Lasuren iech selwer hëllefen kënnt oder och wéi dir selwer eng Holziwwerfläch doheem oofschläifen kënnt.

Dir kënnt klenger beschiedegt Holzarbechten (zB déi eng Téitsch hunn) mattbréngen an direkt op der Plaaz gewisen kréien wéi dir iech drëm këmmeren kënnt.

https://www.cigrwiltz.lu/projets/klimbim/

Seedbombs

‘Seedbombs’, daat sinn Bullen voller Liewen. Se ginn aus Äerd, Toun a Wasser, an natierlech matt Geseems gerullt. Dono dierfen se e puer Deeg drëchnen an dann haalen se sech iwwert de Wanter fir am Fréijoër dobäussen op enger villäicht soss méi traureger Plaaz e Grapp voll Wëllblummen wuessen ze loossen! D’Natur a besonnech d’Insekten wäerten iech Merci soen.

Dir kënnt eidel Ëerkëschten an oofgerullten Toiletterouleau’en mattbréngen fir als Verpaakung faarweg ze gestalten an dono d’Seedbombs matt heem ze huelen.

Wëllkraider

Kachen mat Wëllkraider:
Gutt fir Klima, Gaart, Gesondheet an de Portmonnaie!
Infostand mam Valie an Coby mat Bicher, Planzen, Info, an eppes fir ze schmaachen!
Alles iwwer an mat Wëllkraider.

Keimgliëser an Repair-Café

Dëst ass och e Workshop den esouwuel en DIY-Atelier ubitt ewéi beim Repair-Café eng Hand matupäkt.

Als DIY gëtt hei proposéiert fir Keimglieser ze bastelen. Wann der Loscht dorobber hutt, kënnt der ë Glas mat Plastiksdeckel matbréngen an dat op der Plaz zu engem Keimglas ëmwandelen. Mir probéieren dofir ze suergen dass och Glieser op der Plaz sinn, falls ee keent konnt matbréngen.

Beim Repair-Café ka bei liichten elektreschen Defekter gehollef ginn, souwéi bei Vëloen déi net méi uerdentlech rullen (Ketten a Bremsen astellen zum Beispill). Saachen déi ee mat Holz ka flécke fannen hei vläicht och eng zweet Chance.

Allerlee

Ee vun de Workshoppen de beim Repair-Café hëlleft kennt sech gutt mat Mechanik a Schlässer aus, ma hei kann een awer all Aart vu Gerät matbréngen, a wann et ze flécken ass, da gëtt dat gemaach.

Heekelen (Crochet)

An dësem Workshop léiert een wéi een selwer kann Pads fir ofzeschminke maachen an Fileten fir akafen ze goen.

Basis Techniken déi gewise ginn sinn “chainette” a “maille serrée”, souwéi méi komplizéiert Techniken wéi “popcorn” a “pull”.

Dëse Workshop ass nëtzlech fir Offall ze vermeiden, respektiv ze reduzéieren.

Colab

De Colab ass e kooperativen Atelier (Fablab) zu Wolz. Hei gitt der gewuer wat de Prinzip vum Colab ass a wéi een do ka matmaachen.

Et gëtt och en Workshop ugebueden wou ee kann eppes selwer maachen. Dëst Joer gëtt ugebueden fir mat Holz Upcycling ze maachen, esou ginn Rechter Holz zu engem flotten Roboter zesumme gebaut, eventuell mat enger Schlësselunhänger Funktioun.

https://www.colab.lu