Bitzen

Dir kënnt Kleeder déi e Lach hunn oder deenen e Knapp fehlt (am beschten den oder een Knapp mattbréngen) an de Repair Café mattbréngen, fir eis Equip iech weisen kann wéi dir esou Reparaturen selwer kënnt maachen. Et ass keng Hexerei! 🙂

Repair Café

Flécken ass eppes dat een ganz oft selwer kéint maachen. Den do-it-yourself Festival ass dohier den idealen Kader fir e Repair Café.

Hei kanns de deng futtis Saache matbréngen an se flécke loossen, vläicht souguer gewise kréien wéi dass du et selwer kanns maachen.

Wanns du Saache flécke kanns an du wëlls anere Leit hëllefen, da mell dech bei eis un 🙂


Mat Saachen ass all Méigleches gemengt. Tendenziell sinn et d’elektresch Apparater déi am heefegsten an engem Repair Café gefléckt ginn. Wann ee wëll sécher sinn dass engem den 8. September um do-it-yourself Festival ka gehollef ginn, da kuckt een am beschten an der Lëscht vun den “Repairer” hei drënner. Et ass allerdings esou dass den Umeldeschluss fir e Workshop den 22. August ass. Esou laang ass also nach alles ongewëss.

Bis dohinner publizéiere mir no an no d’Workshoppen déi Deel vum Repair Café sinn hei drënner.

Repair Café – Iwwerbléck

Hei en Iwwerbléck vun den Experten am Repair Café a waat si matt iech zesummen

Elektrotechnikelektrech Geräter z.B. e Kabel dee futti ass …
Informatikinformatech Problemer z.B. wann de Computer
Fehlermeldungen weist, oder sech soss queesch stellt …
Mécanique a Schlässermechanech Problemer, z.B. eppes waat nët méi op oder
zou geht, mechanech Geräter …
Holzarbechtenbei Holzobjet’en eppes bäiflécken, oofschläifen,
oder ersetzen waat oofgebrach ass …
Velo1. Hëllef fir de Velo wann d’Pneuen quietschen, schleefen,
gewiesselt oder gefléckt musse ginn …
BitzenKleng Lächer flécken, e Knapp ubitzen,…

Atelier Klimbim

Dëse Schreinerei-Workshop vum Atelier Klimbim (CIGR Wiltz Plus) weist iech wéi dir kleng Beschiedegungen un äeren Holzmiwwel selwer an einfach reparéiren kënnt. Dir kritt gewisen wéi dir matt Primer, Kallék, Ueleg an Lasuren iech selwer hëllefen kënnt oder och wéi dir selwer eng Holziwwerfläch doheem oofschläifen kënnt.

Dir kënnt klenger beschiedegt Holzarbechten (zB déi eng Téitsch hunn) mattbréngen an direkt op der Plaaz gewisen kréien wéi dir iech drëm këmmeren kënnt.

https://www.cigrwiltz.lu/projets/klimbim/

Keimgliëser an Repair-Café

Dëst ass och e Workshop den esouwuel en DIY-Atelier ubitt ewéi beim Repair-Café eng Hand matupäkt.

Als DIY gëtt hei proposéiert fir Keimglieser ze bastelen. Wann der Loscht dorobber hutt, kënnt der ë Glas mat Plastiksdeckel matbréngen an dat op der Plaz zu engem Keimglas ëmwandelen. Mir probéieren dofir ze suergen dass och Glieser op der Plaz sinn, falls ee keent konnt matbréngen.

Beim Repair-Café ka bei liichten elektreschen Defekter gehollef ginn, souwéi bei Vëloen déi net méi uerdentlech rullen (Ketten a Bremsen astellen zum Beispill). Saachen déi ee mat Holz ka flécke fannen hei vläicht och eng zweet Chance.

Allerlee

Ee vun de Workshoppen de beim Repair-Café hëlleft kennt sech gutt mat Mechanik a Schlässer aus, ma hei kann een awer all Aart vu Gerät matbréngen, a wann et ze flécken ass, da gëtt dat gemaach.