Repair Café

Flécken ass eppes dat een ganz oft selwer kéint maachen. Den do-it-yourself Festival ass dohier den idealen Kader fir e Repair Café.

Hei kanns de deng futtis Saache matbréngen an se flécke loossen, vläicht souguer gewise kréien wéi dass du et selwer kanns maachen.

Wanns du Saache flécke kanns an du wëlls anere Leit hëllefen, da mell dech bei eis un 🙂


Mat Saachen ass all Méigleches gemengt. Tendenziell sinn et d’elektresch Apparater déi am heefegsten an engem Repair Café gefléckt ginn. Wann ee wëll sécher sinn dass engem den 8. September um do-it-yourself Festival ka gehollef ginn, da kuckt een am beschten an der Lëscht vun den “Repairer” hei drënner. Et ass allerdings esou dass den Umeldeschluss fir e Workshop den 22. August ass. Esou laang ass also nach alles ongewëss.

Bis dohinner publizéiere mir no an no d’Workshoppen déi Deel vum Repair Café sinn hei drënner.

Workshoppen

Op dëser Säit fënns du d’Workshoppen déi 2019 ugebuede ginn. Wanns du och wëlls e Workshop ubidden oder soss iergendwéi hëllefen, da fënns du op der Säit “Engagéier dech” déi néideg Informatiounen dozou.


Déi ugemellten Workshoppen ginn no an no hei drënner bäigesat.

Keimgliëser an Repair-Café

Dëst ass och e Workshop den esouwuel en DIY-Atelier ubitt ewéi beim Repair-Café eng Hand matupäkt.

Als DIY gëtt hei proposéiert fir Keimglieser ze bastelen. Wann der Loscht dorobber hutt, kënnt der ë Glas mat Plastiksdeckel matbréngen an dat op der Plaz zu engem Keimglas ëmwandelen. Mir probéieren dofir ze suergen dass och Glieser op der Plaz sinn, falls ee keent konnt matbréngen.

Beim Repair-Café ka bei liichten elektreschen Defekter gehollef ginn, souwéi bei Vëloen déi net méi uerdentlech rullen (Ketten a Bremsen astellen zum Beispill). Saachen déi ee mat Holz ka flécke fannen hei vläicht och eng zweet Chance.

Allerlee

Ee vun de Workshoppen de beim Repair-Café hëlleft kennt sech gutt mat Mechanik a Schlässer aus, ma hei kann een awer all Aart vu Gerät matbréngen, a wann et ze flécken ass, da gëtt dat gemaach.

Heekelen (Crochet)

An dësem Workshop léiert een wéi een selwer kann Pads fir ofzeschminke maachen an Fileten fir akafen ze goen.

Basis Techniken déi gewise ginn sinn “chainette” a “maille serrée”, souwéi méi komplizéiert Techniken wéi “popcorn” a “pull”.

Dëse Workshop ass nëtzlech fir Offall ze vermeiden, respektiv ze reduzéieren.

Strécke léieren

D’Nicole Graffé këmmert sech drëms fir engem den Dag ze weise wéi ee stréckt. Natierlech kann een net direkt all Technik beherrschen, mee wann den Ufank bis gemaach ass, steet näischt méi am Wee fir weiderzestrécken 😉

Vu Virdeel ass et hei wann ee Strécknole a Wollreschter matbréngt, vläicht sinn der an der Famill oder am Bekanntekrees déi hier net méi brauchen oder se kënne verléinen. Mir probéiere Strécknolen ze organiséieren, mee et ass net garantéiert dass mer der kréien oder dass der genuch do sinn.

Kleng Bitzaarbechten

D’Marianne Hermann bitt en Workshop un wou hatt kleng Bitzaarbechte mécht andeems Saachen aus Stoff gefléckt ginn. Do kann een och gewise kréien wéi een bitzt.

Colab

De Colab ass e kooperativen Atelier (Fablab) zu Wolz. Hei gitt der gewuer wat de Prinzip vum Colab ass a wéi een do ka matmaachen.

Et gëtt och en Workshop ugebueden wou ee kann eppes selwer maachen. Dëst Joer gëtt ugebueden fir mat Holz Upcycling ze maachen, esou ginn Rechter Holz zu engem flotten Roboter zesumme gebaut, eventuell mat enger Schlësselunhänger Funktioun.

https://www.colab.lu

Stand d’information REconomy Wiltz et CELL + atelier hôtel pour insectes

À ce stand d’informations, on peut s’informer en quoi consiste le projet REconomy, ce qui est CELL et la transition; de même qu’en apprendre plus sur les activités proposées par ces structures.

De plus, vous pouvez construire un petit hôtel pour insectes, que vous pourrez ensuite placer sur le balcon ou dans le jardin, voire l’offrir à quelqu’un si vous n’avez pas la possibilité de vous en servir.