Den “Do It Yourself” Festival

Dëst Joër hu mir eis dozou entscheed dem Festival oofzesoen an op d’nächst Joër ze verléen.

Den nächsten “Do It Yourself” Festival fënnt deemno eréicht 2021 statt.

Den Zweck vum “do it yourself” Festival ass d’Kompetenzen ze entwéckelen, déi mir brauche fir widderstandsfäeg Gemeinschaften z’entwéckelen, vuneneen ze léieren, Verknäppungen tëschent Generatiounen ze stäerken a Netzwierker opzebauen.

Um Festival kann ee léieren een Insektenhotel bauen, bitzen a strécken, Origami maachen, mat Holz schaffen a villes méi… Maach mat bei engem flotten Dag vum Léieren, Entdecken an Deelen. Jiddereen ass wëllkomm. Léier Kompetenzen, Deel Iesswueren, bedeeleg dech um Reseau, spill Spiller an ameséier dech!

De Festival weist och de Potenzial vun enger Geschenk Economie, a leeft komplett ouni Suen of. Den Entrée ass fräi an et gëtt kee fir eng Organisatioun oder eng Participatioun bezuelt.

Dëst ass ee vun de Visiteure bedriwwenen Evenement. Jiddereen deen do ass gëtt ageluede fir zur Schafung an der Organisatioun vun der Veranstaltung bäizedroen, duerch d’Bäibréngen vu Kompetenzen iwwert eng Aktivitéit, e Spill spillen, Musek maachen, Iesse fir d’Free-Bar matzebrénge, den Dag aushëllefen oder beim Tauscheck (free-your-stuff) matmaachen. De Festival ass dat wat’s du draus mëss! Et gi keng Zuschauer, nëmme Bedeelegter. Kontaktéier eis wanns du eng Aktivitéit hues, déi’s du wëlls um Festival ubidden, oder wanns de wëlls bei der Organisatioun hëllefen!

Zesumme kënne mir en Festival schafen, de weist wéi eng widderstandsfäeg Gemeinschaft ausgesäit.